Coronavirus zu Lëtzebuerg206 Neiinfektiounen an 159 Reinfektioune bei 1.195 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn ëm 3, op 1.186 geklommen ass.

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 206 Neiinfektiounen an zousätzlech 159 Reinfektiounen, en Total vun 365. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.712 Impfdosisse genotzt. Mat 23 waren alleguer d’Dosissen, Boosteren.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO