
Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien dräi Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 212 Neiinfektiounen an 174 Reinfektiounen - insgesamt also 386 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.379 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 256 waren ergänzend Dosen, eng Persoun krut eng éischt an zwou Persounen zweet Sprëtz.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Kanner tëscht 6 Méint a 5 Joer kënnen elo och géint Covid-19 geimpft ginn. Dat huet d’Regierung um Mëttwoch decidéiert. Domat suivéiere si der Recommandatioun vum Conseil supérieur fir Infektiounskrankheeten.