Äntwert op parlamentaresch Fro220 voll Bréifkëschten en Attente bei der CNS

Roy Grotz
"Et stëmmt net, datt de Remboursement vun Doktesch-Rechnungen duerch d'CNS aktuell substantiell méi laang dauert wéi soss", seet de Sozialminister Haagen.
© RTL-Archiv

Et war d’Deputéiert vun Déi Lénk Myriam Cecchetti, déi op Retarde vu bis zu 2 Méint opmierksam gemaach hat, wärend där d’Assuréeë missten op hir Suen waarden.

Deen Delai stëmmt net ganz, an awer: de Minister schwätzt vu 6 Wochen, déi e Remboursement géif daueren. Aktuell sti bei der CNS 220 Bréifkëschte voller Demanden, déi nach mussen traitéiert ginn. Dat sinn der 3 Mol méi, wéi nach virun e puer Wochen, heescht et.

Firwat accumuléiere sech d’Demanden? De Minister Haagen schwätzt net vun engem Manktem vu Personal bei der CNS, mä einfach duerch eng allgemeng Hausse vun den Ufroen an duerch eng Nei-Affektatioun vun Deeler vum Personal bannent der Gesondheetskeess. Rieds geet awer och vun engem Rekrutementsproblem vu Leit mat spezifesche Qualifikatiounen.

Da gëtt aktuell jo um direkten Zeréckbezuel-System geschafft, deen et engem Patient erlaabt, seng Suen direkt ze recuperéieren, soubal hien eng Doktesch-Rechnung krut. Dës kamoud Aart a Weis fir ze bezuele soll am Laf vum Waljoer 2023 operationell sinn.

D’Cash Ausbezuele vu Schecken an den CNS-Guichete soll och an Zukunft bestoe bleiwen - et soll awer och en neien, direkten Iwwerweis-System via Banken op d’Bee gestallt ginn, deen dann d’Schecken ersetzt.

Back to Top
CIM LOGO