Iwwert de Weekend226 Corona-Infektioune bei 1.904 PCR-Tester, ee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.153 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.291.914 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 7,25 Prozent. Vun 401 PCR-Tester waren der e Sonndeg 29 positiv. E Samschdeg goufen 106 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 91.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO