
24 Joer Prisong: Dat war d'Fuerderung um Stater Geriicht am Prozess géint e jonke Mann wéinst Mord. Hien hat am Juli 2018 zu Réimech seng deemoleg Frëndin déidlech mat engem Messer blesséiert, nodeems hie si geschloen hat. No der Dot hat sech de Beschëllegte selwer gepickt a missen noutoperéiert ginn, well hien an akuter Liewensgefor war. Hie war e puer Deeg drop vum Spidol aus an de Prisong bruecht ginn.
D'Urteel ass fir de 25. Mäerz.