
De Buschauffer hat no senger Verhaftung zouginn, an zwee Fäll am Joer 2020 Bréiwer mat Menacen un de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert geschéckt ze hunn. Nieft de 24 Méint Prisong op Sursis huet d’Geriicht och eng Geldstrof vun 2.500 Euro verhaangen, genau dat, wat de Parquet och gefrot hat.
De Mann hat an de Bréiwer béid Politiker an hir Famill perséinlech menacéiert, bei der Gesondheetsministesch hat hie souguer beschriwwen, wéi hie si an hir Meedercher wéilt mësshandelen, folteren an ëmbréngen. Weider hat de 37 Joer ale Mann awer och mat Uschléi an Attacken op Impf- an Testzenteren gedréit. An den Enveloppe vun de Bréiwer, déi nieft de Politiker och un RTL an d’CNS gaange waren, war brongt Polver mat dran, wat awer just gemuelene Peffer war. De Mann huet viru Geriicht ouni Drock zouginn, d’Bréiwer geschéckt ze hunn. Hien hätt “e schwaache Moment” gehat.
An engem weidere Fall stoung mam Peter Freitag ee vun den Organisateure vun de Samschdegdemonstratioune viru Geriicht. Hannergrond war e Video op Facebook, an deem hien dozou opgeruff hat, d’Regierung ze stierzen. Weider soll hien och de Premier an Beamte vun der Police beleidegt hunn. De Parquet hat eng Prisongsstrof vu sechs Méint gefrot, d’Geriicht huet de Peter Freitag awer fräigesprach.
Eng weider Geriichtsaffär, déi sech och ëm de Coronavirus gedréint huet, war de Fall Bas Schagen géint Editpress. Dëst nodeems de fréiere Journalist an Online-Publizist Bas Schagen eng Plainte géing d’Verlagshaus wéinst Calomnie an Diffamatioun gemaach hat. An engem Artikel am Tageblatt haten d’Journalisten ënner anerem d’Roll vun him an der Beweegung ronderëm d’Covid-Protester duergeluecht.
De Schagen hat kuerz no der Publikatioun vum Artikel de 7. Dezember 2021 säi Kanal opginn a seng Aktivitéiten am Internet ofgebrach. Dono hat hie wéinst enger “Citation directe” vu senger Persoun am Tageblatt géint d’Zeitung geklot. D’Geriicht huet déi Bekloten awer fräigeschwat.
No der éischter Instanz bleiwen elo 40 Deeg, wou nach kann Appell gemaach ginn.