Zoue Grenze wéi ugangs der Pandemie wëll een awer op kee Fall méi, dat huet Ministerpresidentin aus Rheinland-Pfalz ënnerstrach.
Trotz Astufung als Risikogebitt dierfe Residenten aus dem Grand-Duché ouni Quarantän an negativem Coronatest eriwwer a Rheinland-Pfalz an an d'Saarland. Dëst wa si sech net méi laang wéi 24 Stonnen do ophalen. Fir dëse sougenannte Korridor hätt ee sech bei der Bundesregierung agesat. Esou d'Malu Dreyer - Ministerpresidentin Rheinland-Pfalz: "Insofern glaube ich dürfen wir heute voller Vertrauen der Bevölkerung sagen, dass wir nicht mehr in eine Lage kommen werden, wo der Grenzverkehr gestört wird, sondern wo wir tatsächlich auch ganz normal miteinander leben können, so wie wir das in der Vergangenheit auch getan haben."
Et sollen och keng geziilte Kontrolle ginn, wéi laang ee sech a Rheinland-Pfalz ophält. Hei géif een op Vertraue setzen.
Ween allerdéngs méi e laangen Openthalt plangt, muss: entweder en negative Covid-Test virweise kënnen, deen net méi al wéi 48 Stonnen ass. Oder no der Arees a Quarantän goen a sech beim zoustännege Gesondheetsamt mellen.
Ausname ginn et awer beispillsweis fir Leit, déi aus medezinesche Grënn an d'Spidol mussen. Hei goufen et an de leschte Méint Fäll, wou Residenten aus Lëtzebuerg zréckgewise goufen. Dat wär net an der Rei an net vun der Regierung gewollt, esou d'Malu Dreyer. Do géif een all Reklamatioun nogoen.
Aus medezineschen oder beruffleche Grënn dierfe Leit aus engem Risikogebitt sech bis zu 5 Deeg um Stéck a Rheinland-Pfalz ophalen. Weider Ausname gëllen ënner anerem fir Studenten oder fir Elteren, déi Suergerecht fir e Kand déisäits der Grenz hunn.
Déi Covid-bedéngte Quarantän iwwerdeems gëtt aktuell vun der Bundesregierung op de Leescht geholl. Et ass virgesinn, d'Quarantän vu 14 Deeg op 10 Deeg erofzesetzen. Vum 5. Dag u soll ee kënnen en Test maachen.
