Coronavirus zu Lëtzebuerg244 Neiinfektiounen an 161 Reinfektioune bei 1.376 Tester, 2 weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op elo 1.162 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 244 Neiinfektiounen an 161 Reinfektiounen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.235 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 123 waren ergänzend Dosen, wärend véier Leit eng zweet Dosis kruten a fir zwou Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO