Coronavirus zu Lëtzebuerg246 Nei- an 176 Reinfektioune bei 1.588 PCR-Tester, ee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng Persoun geklommen ass an elo bei 1.163 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell si 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 246 Neiinfektiounen an 176 Reinfektiounen - insgesamt also 422 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.260 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 274 waren ergänzend Dosen, wärend eng Persoun eng zweet Dosis krut a fir véier Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO