
De Fokus vun de Kontrolle louch virun allem um techneschen Zoustand vun de Gefierer. Insgesamt haten d’Poliziste 26 Infraktioune géint de Code de la Route festgestallt.
Ënner anerem krute 6 Chaufferen e Protokoll vun 145 Euro, well si den Handy wärend dem Fuere benotzt haten. Bei 3 Gefierer waren d’Luuchten net an der Rei an 8 Chauffere konnte kee valabele Zertifikat vum Contrôle technique virweisen. Weiderhi war ee Gefier net richteg verséchert a 5 Chaufferen hate keng valabel Steiervignette bei sech.