Konjunkturcomité27 vun 29 Betriber kruten erlaabt Deelzäit ze schaffen
RTL Lëtzebuerg
Am Dezember hunn 29 Entreprisen eng Demande beim Konjunkturcomité eragereecht fir Deelzäit ze schaffen. Dat si 4 Unitéite méi wéi nach de leschte Mount.
Update: 08.12.2025 13:03
Am Ganze krute 27 Demanden eng positiv Äntwert. Op 6.700 Persoune sinn 2.400 Salariéë vun der Mesure betraff.
Déi nächste Reunioun vum Konjunkturcomité ass fir den 29. Januar d'nächst Joer ugesat.