
A 25 Fäll goufen Restauranten, Caféen oder Butteker protokolléiert, well se déi virgeschriwwe Fermeture-Zäiten net respektéiert hunn. Déi meeschte Verstéiss goufen et an der Stad.
Zu Esch gouf e Lokal kontrolléiert, wou däitlech méi wéi déi erlaabten 100 Leit beienee waren an op verschiddenen Dëscher iwwer 4 Persoune souzen.
270 Persoune goufen dobäi erwëscht, wéi se onerlaabterweis no 23 Auer owes nach wärend dem Couvre-feu ënnerwee waren. Eleng 36 vun den 270 Amendements taxés goufen et e Freideg am Raum Ettelbréck-Dikrech bei enger gréisserer Kontroll, bei där d'Ausgangsspär am Mëttelpunkt stoung.
D'Police wäert och an Zukunft weider Kontrollen duerchféieren, fir ze kontrolléieren, ob géint de Couvre-feu an d'Corona-Mesurë verstouss gëtt.
