Colmer-Bierg/Kruuchten28 Joer ale Chauffer kënnt bei Verkéiersaccident ëm d'Liewen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz virun der Mëttesstonn koum et um CR123 zu engem déidlechen Accident.
Déidleche Verkéiersaccident tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg
En Donneschdeg kuerz virun der Mëttesstonn koum et um CR123 zu engem déidlechen Accident.

Géint 11.35 Auer ass en Automobilist um CR123 accidentéiert. Hien ass mat sengem Won géint e Bam geroden. Doropshin huet sech den Auto iwwerschloen. De Samu gouf op d’Plaz geruff, ma fir den 28 Joer ale Chauffer koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz verscheet.

D’Streck huet a béide Richtunge misse fir de Verkéier gespaart ginn. Géint 18 Auer koum dunn d’Annonce, datt d’Strooss nees fir de Verkéier op wier.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO