
Tëscht 23.30 a 4 Auer huet d'Police am Ganzen 284 Chaufferen op den 3 Plaze kontrolléiert. 20 vun hinnen haten effektiv gedronk an a 6 Fäll war de Permis fort.
Ma och op anere Plazen am Land, hu Führerschäiner missen agezu gi wéinst Alkohol hannert dem Steier.
Nach Reschtalkohol vum Owend virdrun, hat e Chauffer, deen e Samschdeg de Moie géint 10.40 Auer zu Briedemes an der Wäistrooss ugehale ginn ass. Hie war do mat 96 km/h, amplaz den erlaabten 50 ënnerwee.
Géint 22.30 Auer gouf der Police e Chauffer gemellt, deen zu Duelem an der Dräikantonsstrooss am Zickzack ënnerwee war. De Won wier vir och scho getéitscht, huet den Zeien ausgesot.
D'Police huet probéiert de Won ze stoppen, ma den Automobilist ass duerch d'Policespär gefuer, konnt awer no kuerzer Zäit ugehale ginn. Den Otemtest huet de Verdacht op Alkohol confirméiert an de Permis war fort.
Op der Escher A4 huet en Automobilist géint 4 Auer ongewollt op sech opmierksam gemaach, wéi e mat ze héijer Vitess duerch e Chantiersberäich a laanscht d'Police gefuer ass. Op der Héicht vu Leideleng gouf de Mann gestoppt, dee sech näischt agestoe wollt. Hien hat gedronk a krut de Führerschäin ewechgeholl.