En Job mat ville FacettenMam Touristeguide ënnerwee am Rëmelenger Minnemusée

Marc Hoscheid
Zanter Kuerzem gëtt eng nei Basisformatioun ugebueden, bei där een a 25 Stonnen esouwuel aus der Distanz, wéi och en présentiel, zum Touristeguide ausgebilt gëtt.
Mam Touristeguide ënnerwee am Rëmelenger Minnemusée
Zanter Kuerzem ass eng nei Basisformatioun gebueden, bei där een a 25 Stonnen esouwuel aus der Distanz, wéi och en présentiel, zum Touristeguide ausgebilt gëtt.

Wie sech fir Geschicht a Kultur interesséiert an och nach gäre Kontakt mat anere Leit huet, deem kéint et Spaass maachen, als Touristeguide ze schaffen. Viru ronn engem Mount kruten 79 Participante vun enger neier Formation de base hiren Diplom. Ee vun hinnen ass den Alex Thill, deen ënnert anerem zu Rëmeleng am Minnemusée am Asaz ass. De Marc Hoscheid war him bei senger Aarbecht bis iwwert d'Schëller kucken.

Zanter 2018 ass den Alex Thill als Touristeguide am Asaz. Als gebiertege Rëmelenger wollt hie schonn ëmmer Leit d'Minn weisen. Am Fong hat e wëlles, dat an der Pensioun ze maachen, mee du goung et awer méi séier wéi geduecht. Deemools hat hie schonn eng Formatioun gemaach, mee eleng domadder war et awer net gedoen.

Alex Thill (Touristeguide am Minett): "Am Ufank hunn ech privat Visitte gemaach, do huet da meng Famill mussen dru gleewen, déi hunn da mat mir d'Guidage gemaach, fir ze übe wéi dat geet, well ech dat nach ni a mengem Liewe gemaach hunn. Dat ass learning by doing, dunn hunn déi al Huese mer erkläert, wéi s de wat mëss an iergendwann hunn ech dat du selwer gemaach."

Obwuel hie schonn aacht Joer als Guide schafft, wollt hie säi Wëssen nach eng Kéier opfrëschen an huet dowéinst déi nei Formation de base, fir déi een u sech keng Virkenntnesser braucht, gemaach. An do wieren och eng Partie nei Elementer dra gewiescht: "Et hu sech nei Saachen erginn, zum Beispill mat Bléck op Leit, déi eng Beanträchtegung hunn, am Rollstull sëtzen, Autismus hunn, net héieren oder net gesinn. Dat hu mer och behandelt an do hunn ech geléiert, wéi een extra mat deene Leit ëmgeet."

D'Visite guidée an der Minn dauert ronn zwou Stonnen. Dobäi kréien d'Leit een Androck dovunner, wéi sech d'Aarbecht vun de Mineuren am Zäitraum tëscht 1870 an 1980 no an no verännert huet. Fir datt se sech dat besser virstelle kënnen, mussen d'Visiteure selwer eng Hand mat upaken.

Bei dëser Visitt waren eng 30 Leit mat dobäi, vu Kanner bis bei eeler Leit, déi eng hunn Däitsch an déi aner Franséisch geschwat. Dat ass deels schonn eng Erausfuerderung; "Do muss een ëmmer kucken, datt een déi zwee beschäftegt kritt, datt een déi eeler Leit, oder déi Leit, déi sech interesséieren, mat an d'Boot hëlt an awer och kuckt, fir d'Kanner e bëssi zum laachen ze bréngen, datt se net op eemol den Elteren op de Wecker ginn, well se déi ganzen Zäit quengelen. Dat ass bëssi dee klenge Jonglage tëscht deenen zwou Saachen, dat ass heiansdo schwiereg, grad wann een e puer Sproochen huet."

Theoretesch kann een och komplett ouni Formatioun als Touristeguide schaffen. Dat soll och esou bleiwen, trotzdeem wier déi nei Formatioun ee wichtegt Element bei der Promotioun vum Tourismus.

Ben Roderes, Project Manager am Wirtschaftsministère: "D'Qualitéit vun de Guidagen ass eis einfach wichteg. Mir kënnen déi Professioun net reglementéieren, mir wëlle se och net reglementéieren, mee mir wëlle sécher goen, datt de Visiteur eng Garantie huet, datt dat, wat e vum Guide verzielt kritt, datt dat stëmmt an interessant ass, datt dat zu der Féierung passt. An dat probéiere mer hei ze maachen, ee Qualitéitsniveau oprecht ze erhalen, dee sech vun deem ënnerscheet, wat eng Persoun einfach sou op der Strooss dobausse géing verzielen."

Nom Basiscours ginn d'Guide weider forméiert, zum Beispill vun deene verschiddene regionalen Offices du tourisme.

Aktuell schaffen zu Lëtzebuerg méi wéi 300 Leit als Touristeguide, déi meescht dovunner net haaptberufflech, ma déi Zuel kéint an deenen nächste Jore weider klammen.

Back to Top
CIM LOGO