
48 Persoune kruten de leschte Mount de Flüchtlingsstatut unerkannt, vun 116 Decisiounen am Ganzen. Zwee Demandeure vun enger internationaler Protektioun goufen an e Land baussent der EU zréckgeschéckt am August, ee fräiwëlleg an ee forcéiert.
182 Flüchtlingen hunn eng temporär Protektioun ugefrot, dovu goufen 144 Demanden ugeholl. Am Ganzen hunn awer och 40 Persounen hir Demande nees zeréckgezunn.
149 Leit aus der Ukrain kruten d’temporär Protektioun accordéiert. Am Ganzen hu ronn 4.774 Ukrainer zanter Ufank vun der russescher Invasioun Enn Februar esou eng Demande gemaach. En Deel vun hinnen ass antëscht schonn zeréck an hir Heemescht.