
Dat schreift d’Immigratiounsdirektioun aus dem Ausseministère um Dënschdeg de Moien.
Déi meescht Demandë koume vu Persounen aus Eritrea, dem Sudan an aus Syrien.

70 Leit kruten am Laf vum Oktober Asyl accordéiert. Domat klëmmt d’Zuel vu Leit, déi de Statut vum Refugiée dëst Joer kruten, op 605.
Wat déi temporär Protektioun fir Leit aus der Ukrain ugeet, waren et am Oktober 80 där Demanden hei am Land. Domadder hunn dëst Joer 850 Ukrainer ugefrot, heihin ze kommen. Eppes iwwer 4.400 Ukrainer sinn deemno zu Lëtzebuerg.