Chômagezuele Februar3.000 Chômeure méi wéi 2020

RTL Lëtzebuerg
Dogéint huet een awer ronn 400 Leit manner wéi am Januar, déi de leschte Mount op der Sich no enger Schaff waren.

Trotz de wirtschaftleche Repercussioune vun der Pandemie bleift de Chômage-Taux stable bei 6,3%. Ee Chiffer, deen et lo zanter gutt engem hallwe Joer ewell gëtt.

Déi aktuell Chiffere vun der Adem no sichen aktuell ronn 19.500 Leit no enger Schaff, dat sinn der ronn 400 manner wéi nach am Januar.

Op ee Joer gekuckt sinn dat awer bal 3.000 Chômeure méi, déi kenger gereegelter Aarbecht noginn.

Do dernieft ginn et ronn 4.200 Leit, déi an enger vun de Beschäftegungsmesuren aktiv sinn, an eeben och keng komplett Pai de Mount hunn.

Nei ageschriwwen hu sech am Februar eng 2.100 Residenten, wat der 3,5% manner sinn, wéi nach am Februar zejoert.

Et ginn awer och fräi Posten bei der ADEM, wou also Leit gesicht ginn: op Enn Februar waren dat ronn 7.400 vakant Plazen, wat der souguer nach 800 méi sinn, wéi de Mount virdrun.

PDF: De Communiqué vun der Adem

Back to Top
CIM LOGO