
D'Recettë vun der Zentralverwaltung sinn am Februar dëst Joer ëm 3,8 Prozent méi héich ausgefall ewéi am Februar d'lescht Joer, also virum Lockdown. Regierung a Chamber weise sech zefridden.
3,8 Prozent méi Recetten, dat si bal 100 Milliounen Euro méi ewéi am Februar 2020 – do war d'Coronakris nach net an Europa ukomm. 2020 louch den Defizit fir de Mount Februar bei 189 Milliounen Euro – 12 Méint méi spéit bei 117. Déi aktuell Depensen, sief et déi alldeeglech oder déi a Relatioun mat Covid, sinn ëm 1,6% geklomme par Rapport zu 2020.
Dat ass e positive Schéieren-Effekt (tëscht Recetten an Depensen). Et soll een deen awer mat Virsiicht genéissen, esou den André Bauler, DP-Deputéierten a President vun der Chamber-Finanz a Budgetskommissioun.
"Nach ass net den Ament, fir ze zelebréieren. Et muss een awer kënne soen, datt een am Joer 2021 vun enger gewëssener Reprise kann ausgoen. Eng Reprise, déi vläicht e bësse méi bescheiden ausfält, ewéi d'lescht Joer gemengt gi war. Op der anerer Säit muss een awer och soen, datt de Réckgang vun eisem PIB mat 1,3 Prozent, wéi et den Ament ausgesäit, manner staark ass ewéi dat, wat eis nach virausgesot gi war: nämlech 4,5 Prozent."
Déi direkt Kontributioune klammen ëm bal 10% (9,5) – dat maachen 1,650 Milliarden aus.
"Et gesäit een, datt bei de Léin eng Progressioun ass vu bal 50 Milliounen. Dann ass nach eng Net-Progressioun bei de Revenuen um Kapital. Do geet et vu 26 erop op ronn 142 Milliounen. Da gëtt et och eng liicht Progressioun bei der Fortune."
Et géif een awer besonnesch bei der Lounsteier gesinn, datt et de Betriber am Land net esou gutt geet, esou Diane Adehm, CSV-Deputéiert.
"D'Lounsteier, déi Betriber am Land bezuelen, ass ëm 55 Milliounen zeréckgaangen. Dorunner gesäit een, datt et eise Betriber awer net esou gutt geet. Et ass dat, wat intressant ass, an d'Zukunft ze kucken, wéi dat doe sech entwéckele wäert. Och wéi eis Betriber sech weider entwéckelen, well se jo bis elo awer vill ënnert d'Äerm gegraff kruten."
Nëmmen d'Recettë vun den Accise sinn iwwerdeems agebrach, dat ëm bal 18 Prozent op 253 Milliounen Euro virun allem den Télétravail an d'CO2-Steier hunn dofir gesuergt, datt manner getankt gouf.
"Et sinn notamment 20 Millioune Liter manner Bensinn getankt ginn an 68 Millioune Liter manner Diesel. Dat ass ganz vill an huet en Impakt op d'Recetten, déi erakommen."
Mam Tanktourismus wier och de Verkaf vun Alkohol an Tubak weider erofgaangen, esou nach de Constat am Rapport.
Pierre Gramegna: Éischt Zeeche vun der ekonomescher Reprise ze gesinn