Police sicht no Zeien3 Abréch an der Route de Mersch zu Gousseldeng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend gouf direkt an dräi Haiser an der Mierscherstrooss zu Gousseldeng agebrach.

Onbekannter hu sech hei an dräi Haiser eragelooss. Wann een eppes Verdächteges um Vëloswee parallel zu der Route de Mersch gesinn huet, oder engem tëscht 17 Auer an 21 Auer verdächteg oder opfälleg Persounen oder Autoen an der Géigend opgefall sinn, soll ee sech bei der Police vu Miersch um 24 49 12 00 oder um 113 mellen.

Da gouf och zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté an eng Bensinsstatioun agebrach. Den oder déi Täter hunn hei ënner anerem Zigarette geklaut.

Back to Top
CIM LOGO