
Géint 19.15 Auer e Sonndeg de Owend huet en Automobilist um CR122 tëscht Fluessweiler a Wuermer an enger Kéier d'Kontroll iwwer säi Won verluer, ass an e Stroosseschëld gerannt an am Summerwee gelant. De Mann hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ewechgeholl.
E weideren Accident gouf et e Sonndeg den Owend kuerz virun 21 Auer zu Uewerpallen. Eng Fra war mat hirem Won an e Luuchtepotto gerannt a war um Daach gelant. Och hei war ze vill Alkohol am Spill an de Permis war fort.
Géint 23.15 Auer ass een Automobilist an engem Rond-point an der Rue du Parc Mertert widder den Trottoir gerannt. Dobäi ass déi viischt Achs gebrach, esou dass de Mann net weiderfuere konnt. De Chauffer gouf net blesséiert, hat zwar gedronk, war dobäi awer net iwwer dem zoulässege Wäert.