Den 112 huet fir den Donneschdeg de Mëtteg 3 Accidenter uechter d'Land gemellt.
Update: 08.12.2025 12:59
Zu Greiweldeng ass géint 15.20 Auer e Cyclist gefall. Zu Gréiwemaacher an der Rue Kummert hat et géint 16.45 gerabbelt. Eng Persoun gouf verwonnt. Ee Blesséierte gouf et och bei engem Accident géint 16.50 Auer tëscht Méchelbuch a Mäerzeg.