
Géint 6.20 Auer ass en Automobilist mat sengem Gefier en Hiwwel zu Simmer am Sëllergronn erofgaangen a gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer, de Samu an d'Pompjeeë vun Habscht a Simmer waren op der Plaz.
Kuerz no 8 Auer krute sech 2 Ween op der A13 am Tunnel Éilereng ze paken. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng, souwéi d'Ambulanz an d'Pompjeeë Suessem/Déifferdeng.
Zu Stroossen an der Rue des Carrefours koum et um 8.22 Auer zu engem weider Accident tëscht 2 Autoen. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.