CGDIS4 Accidenter um Dënschdeg mat allkéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Um Briddel gouf um 14:24 Auer an der Rue de Luxembourg en Cyclist vun engem Camion ugestouss.
D'Rettungsekippe sinn op dräi Accidenter an ee Brand geruff ginn.
© Laurent Weber

Zu Dikrech an zu Zolwer si jeeweils zwee Autoen aneneegerannt.

Nieft den Accidenter zu Dikrech an zu Zolwer war och nach zu Ierpeldeng op der Sauer een Automobilist an eng Mauer geknuppt.

Bei alle 4 Incidente gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO