
En Donneschdeg géint 13:20 Auer krut d'Police gemellt, dass et virum Ettelbrécker Spidol zu enger "kierperlecher Ausernanersetzung" tëscht engem Mann an enger Fra komm ass. Dobäi soll de Mann op d'Fra ageschloen hunn.
De Mann huet sech dann och géint d'Policebeamte gewiert, wéi déi op der Plaz ukomm sinn, fir z'intervenéieren.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an en hat um Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.