
Géint 5.14 Auer koum et zum éischten Accident tëscht zwee Autoen, bei deem eng Persoun blesséiert gouf.
Eng Stonn méi spéit, géint 6.44 Auer, koumen um Boulevard Aloyse Meyer zwee weider Automobilisten net laanschteneen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Kuerz virun 11 Auer goufen d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vun Esch da bei de Rond-point Raemerich geruff. Och hei huet et tëscht zwee Ween geknuppt.