
An der Nuecht op e Samschdeg géint 2.40 Auer ass eng Policepatrull zu Gréiwemaacher op enger Pompelstatioun op ee Fuerer opmierksam ginn, dee wuel alkoholiséiert war. D’Kontroll huet dëst confirméiert an de Permis war fort.
An der Route de Cruchten zu Colmer-Bierg gouf e Sonndeg de Moie géint 6 Auer eng Persoun gemellt, déi sech onwuel fillt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, hunn d’Beamte festgestallt, datt et en Accident gouf. De schëllege Chauffer hat gedronk, och hei huet d’Police de Permis agezunn. De Won konnt net méi fueren an de liicht blesséierte Bäifuerer koum zur Kontroll an d’Spidol.
Géint 16.50 Auer e Sonndeg krut d’Police en Automobilist gemellt, deen op der A13 a Richtung Däitschland a Schlaangelinne gefuer ass. De Won konnt zu Munneref vun enger Patrull gestoppt ginn. No engem positiven Alkoholtest huet och dës Persoun de Permis missen ofginn.