Op eise Stroossen3 Automobilisten haten ze déif an d'Glas gekuckt

RTL Lëtzebuerg
Uechtert Land hunn direkt dräi Chauffere missen de Permis wéinst ze héijem Alkoholafloss ofginn. Donieft gouf eng Persoun zu Déifferdeng ugestouss.
© Police Archiv

Kuerz no 9.30 Auer e Mëttwoch gouf eng Persoun zu Déifferdeng an der Rue Woivre ugestouss a blesséiert. Am Asaz waren de Samu, grad ewéi d’Rettungsdéngschter an d’Ambulanze vu Suessem an Déifferdeng.

En Dënschdeg ass zu Stadbriedemes e Chauffer kuerz no 18 Auer an e geparkten Auto gerannt. Den Automobilist huet doropshin säin Auto stoe gelooss an huet sech duerch d’Bascht gemaach. Am Laf vum Owend konnt de Mann ermëttelt ginn an d’Iwwerpréiwung huet erginn, datt hien den Autoritéite scho wéinst dem Retrait vu sengem Permis signaliséiert war, deen hien eigentlech hätt missen ofginn, well hie keng Punkte méi huet. D’Police huet de Chauffer protokolléiert an him de Fürerschäin ofgeholl.

Zu Housen gouf e Camionschauffer gemellt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat an duerch seng Fuerweis opgefall war. Bei der Kontroll huet hien de Permis missen ofginn an de Camion stoe loossen, well de Contrôle technique scho méi laang ofgelaf war.

Och am Garer Quartier stoung en Automobilist ënner ze héijem Alkoholafloss. Wéi hie vu Beamte wéinst engem Fuerfeeler kontrolléiert gouf, war d’Resultat vum Alkoholtest positiv, wouropshin och hien de Permis huet missen ofginn.

Ëm 14.30 Auer sinn op der A7 a Richtung Lëtzebuerg tëscht dem Waldhaff an dem Gréngewald zwee Autoen net laanschtenee komm. Dräi Mënsche goufe bei dem Accident blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO