CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter an e klenge Brand

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et e Mëttwoch den Owend en Accident mat engem Blesséierten op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng, wéi sech en Auto iwwerschloen huet.

Zu Réimech op der Wäistrooss krute sech zwee Ween ze paken – hei goufen zwou Persounen verwonnt.

D’Pompjeeën vu Suessem-Déifferdeng a vu Schëffleng waren da bei engem Feier an engem Appartement zu Esch gefuerdert. Hei stoung eng Poubelle a Flamen. Et ass awer kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO