
Zu Nidderkäerjeng hat et géint 12.30 Auer an der Rue Nicolas Meyer tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun den Ambulanciere vu Péiteng versuergt. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz.
Kuerz no 13 Auer waren d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad a vun Angelduerf op den CR348 tëscht Bierden a Richtung Buerschent geruff ginn, nodeems hei e Motocyclist mat sengem Gefier gefall war an dobäi blesséiert gouf.
Op der N12 tëscht dem Heischtergronn a Richtung Eschduerf ware kuerz no 14 Auer en Auto an e Camion net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanciere vu Wolz an d’Pompjeeë vum Alebesch waren um Asaz.