CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte ass géint 17 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. De Samu huet mussen an den Asaz.
© Andy Brücker

Kuerz virun 18 Auer gouf et op der A4 Richtung Stad en Accident tëscht engem Auto an engem Camion. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Géint 20.35 Auer huet et zu Gaasperech an der Rue Jean-Pierre Kemmer gerabbelt. Hei war en Auto mat engem “Obstakel” kollidéiert, wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO