CGDIS3 Blesséierter bei 4 Accidenter um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Um 7.30 Auer sinn en Auto an e Camion net laanschtenee komm, dat war op der Haaptstrooss zu Wëntger. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn.

Weider zwee Blesséierter gouf et ëm déi nämlecht Zäit tëscht Beetebuerg an Helleng, wéi zwee Gefierer anenee gerannt sinn.

Kuerz virun 7.30 Auer huet op der A1 a Richtung Stad en Auto gebrannt an tëscht dem Léierhaff a Groussbus gouf en automateschen eCall declenchéiert. Bei dësem Virfäll ass kee verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO