Tëscht Guedber an Hiefenech3 Blesséierter bei Accident, Samu war am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 19 Auer gouf et um CR129 en Accident tëscht Guedber an Hiefenech.

Hei war en Automobilist an e Bam gerannt. 3 Persoune goufen dobäi blesséiert, wéi de CGDIS matdeelt. Op der Plaz waren 2 Ambulanzen aus der Fiels, 1 Ambulanz vu Jonglënster an 1 Ambulanz vun Iechternach.

Doriwwer eraus waren d’Pompjeeën aus der Fiels a vun Jonglënster op der Plaz wéi och de Samu aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO