
De CGDIS mellt e Feier e Méindeg de Moie fréi zu Elweng bei Munneref. E Gaardenhaische stoung do a Flamen. D’Pompjeeë vu Munneref a Schengen waren am Asaz.
Ee Blesséierte gouf et da géint 3.30 Auer zu Maarnech, wou sech en Auto iwwerschloen huet.
Géint 7.30 Auer e Méindeg ass zu Haassel an der Rue de Syren ee Vëlosfuerer ugestouss a blesséiert ginn. Ronn 10 Minutte méi spéit sinn zu Diddeleng zwee Ween kollidéiert, hei ginn et keng Blesséierter ze mellen.
Kuerz no 9 Auer gouf et op der RN13 tëscht Bous an Duelem eng Kollisioun mat engem Bus an engem Auto. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Eng weider Persoun gouf blesséiert no enger Kollisioun mat zwee Autoen e Méindeg de Moien um 10.35 Auer zu Rëmeleng.
Um CR149 tëscht Elleng an Ierpeldeng ass géint 11 Auer en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt. De CGDIS mellt zwee Blesséierter.
Op der A13 tëscht Suessem an Nidderkäerjeng gouf eng Persoun blesséiert, wéi zwee Ween kollidéiert sinn e Méindeg de Mëtteg géint 12.30 Auer.
Am Nomëtteg géint 16.40 Auer ass dann um CR144 tëscht Lenneng an Éinen nach en Automobilist accidentéiert a gouf blesséiert.