CGDIS3 Blesséierter bei Accidenter zu Déifferdeng, Donkels an Hollerech

RTL Lëtzebuerg
Zu Donkels ass e Samschdeg géint 3.30 Auer en Auto an e Bam gerannt. D'Automobilistin hat gedronk.

Den Accident ass an der Baaschtnecherstrooss geschitt an och heibäi gouf et ee Blesséierten. Den Alkoholtest bei der Automobilistin war positiv. De Fürerschäin ass fort, den Auto ass Schrott.

E Samschdeg de Moie géint 5.20 Auer ass um Boulevard Pierre Dupong zu Hollerech en Auto an e Potto gerannt. De Chauffer gouf liicht verwonnt a koum an d’Spidol. Och bei dësem Accident war Alkohol am Spill.

An der Avenue Charlotte zu Déifferdeng ass e Freideg um 20.15 Auer en Auto accidentéiert. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO