CGDIS3 Blesséierter no Accident tëscht Bëschdref a Bruch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet sech géint 3.20 Auer tëscht Bëschdref a Bruch en Auto iwwerschloen.

3 Persoune goufen an dësem Accident verwonnt. Am Asaz waren Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Béiwen-Atert a Biissen.

Kuerz virun Hallefnuecht hat et an der rue Ermesinde an der Stad an enger Kummer gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued.

E Freideg den Owend dann gouf zu Mamer op der Areler Strooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt. Ënnert anerem de Stater SAMU gouf an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO