Accident op der N283 Blesséierter no Frontalkollisioun tëscht Éiter a Bous

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 8 Auer koum et tëscht Éiter a Bous zu engem Accident. Béid Ween krute sech op riichter Streck frontal ze paken.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi de CGDIS mellt, sinn 3 Persoune blesséiert an d'Spidol komm.

D'Streck war fir bal 3 Stonne wéinst den Botz- an Opraumaarbechte komplett fir den Trafic gespaart.

Op der Plaz waren d'Popmjeeë vu Réimech, d'Police n d'Ambulanze vu Réimech a Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO