CGDIS3 Blesséierter no zwee Accidenter um Sonndeg, 6 Blesséierter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 19 Auer waren op der Areler Strooss zu Stroossen en Auto an e Moto anenee gerannt. De Stater Samu huet mussen an den Asaz.
© Andy Brücker

Eng Persoun war hei verwonnt ginn.

Op der Collectrice op Héicht vun Éilereng war een Auto kuerz no 19 Auer accidentéiert. Dobäi goufen zwou Persoune verwonnt.

E Méindeg de Moie géint 7.45 Auer ass um Briddel “Bei de 5 Buchen” en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 10.50 Auer ass et am Rond-point Iergäertchen zu enger Kollisioun tëscht 2 Gefierer komm. Hei goufen net manner wéi 3 Persoune blesséiert.

Géint 13.25 Auer e Méindeg de Mëtteg war op der N27 tëscht Ierpeldeng a Méchela en Auto an de Gruef gefuer. D’Ambulanz aus der Nordstad an de Rettungsdéngscht vun Angelduerf hu sech hei em eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Um 14.10 Auer hate sech dann 2 Autoen an der Rue Leon Laval zu Ledieleng ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO