
Géint 16.45 Auer e Freideg den Owend waren op der RN04 tëscht der Cloche d’or a Leideleng zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad an d’Pompjeeë vu Leideleng waren op der Plaz.
Um 18.50 Auer gouf dann eng Persoun an der Rue de la Poste zu Nidderkäerjeng ugestouss. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus dem Asaz-Zenter Käerjeng-Péiteng waren am Asaz.
Kuerz no Mëtternuecht e Sonndeg war dann en Auto tëscht Fluessweiler a Mënsbech op der A1 an d’Leitplank gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Mäertert an d’Pompjeeë vu Fluessweiler a Menster.