
Dobäi gouf gekuckt, ob sech un d'sanitär Reegele gehale gouf. D'Police mellt eng Partie Verstéiss an 3 Caféen a Baren, déi d'Corona-Virschrëften net respektéiert hunn.
Och an nächster Zäit wäerte weider Kontrolle gemaach ginn. D'Police erënnert drun, dass d'Ausbreedung vum Virus just kann agedämmt ginn, wann all Eenzele sech solidaresch weist a verantwortungsvoll verhält.
