Op eise Stroossen3 Chauffere kontrolléiert - 2 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht war en Automobilist op der Pénétrante Lankelz zu Esch duerch eng rout Luucht gefuer.

Eng Police-Patrull huet de Chauffer doropshi gestoppt, fir hien op säi Feeler opmierksam ze maachen, wouropshin d’Beamten en ze héijen Alkoholafloss hu misse feststellen. Hie gouf protokolléiert, ouni de Permis mussen ofzeginn.

Géint hallwer 1 an der Nuecht ass en Automobilist an der Hollerecher-Strooss an der Stad wéinst sengem Fuerstil opgefall a gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv, wouduerch hien de Fürerschäin huet missen ofginn.

Zu Hoen gouf géint 1.40 Auer en Auto ugehalen. Bei der Kontroll gouf en ze héijen Alkoholafloss festgestallt. De Permis gouf agezunn an de Chauffer protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO