Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Doudesaffer, 2.103 Neiinfektioune bei 6.370 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 934 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 18 (-2) Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.150.376 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 499,08 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 257,50 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO