
Aktuell sinn 83 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 (+4) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.232.509 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 586,44 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 325,12 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.