Kinnekswiss3 jonk Männer hunn hiert Affer attackéiert an eng deier Auer geklaut

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg géint 15.25 Auer koum et zu engem Virfall mat dräi jonke Männer op der Kinnekswiss an der Stad.

Si hunn hiert Affer vun hannen attackéiert, et op de Buedem gerappt an him déi deier Markenauer ausgedoen a geklaut.

D'Police beschreift déi dräi Täter esou:

1. Den Täter hat eng brong-gëlle Jackett mat enger bloer Kaputz, eng blo Jeansbox a schwaarz Schong un.
2. Den Täter hat eng donkelblo Jackett mat wäisser Tirett, eng gro Box, schwaarz Schong mat wäisse Sträifen, eng hell Mask an eng hell Kap un.
3. Den Täter hat eng gro Jackett, eng schwaarz Box, schwaarz Schong an eng hellbrong Mutz un.

Iwwerdeems gouf en Dënschdeg an engem Bus zu Esch ee Mann ermëttelt, dee sech trotz engem Areesverbuet am Grand-Duché opgehalen huet. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an op Schraasseg bruecht. Hie koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO