
De CGDIS mellt ee Blesséierten, wéi sech e Méindeg kuerz no 21 Auer zu Esch um Boulevard Prince Henri zwee Gefierer ze pake kruten. Schonn zwee Blesséierter gouf et virdrun, géint 17.40 Auer, wéi zu Déifferdeng direkt 5 Autoen an en Accident involvéiert waren.
6 mol hunn e Méindeg den Owend dann och d’Pompjeeë mussen eraus, well et zu méi klenge Bränn koum, beispillsweis zu Ënsber um Fuussefeld, wou eng Dreckskëscht geflaamt huet, oder zu Hollerech wou et an enger Garage gedämpt hat. Um Briddel an der rue J.Oster hat op engem Balcon e Grill Feier gefaangen an zu Esch an den Nonnewisen huet eng hëlze Bänk gebrannt.