Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Mënsche gestuerwen, vun 13.900 Tester waren der 595 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 3 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 421 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 238 (-3) Patienten hospitaliséiert, dovunner 48 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO