
Sou war dat zum Beispill de Fall e Samschdeg den Owend géint 18 Auer op der A13. Hei war e Chauffer opgefall, well an am ZickZack ënnerwee war an duerno och nach an eng Baustell gerannt ass. Hien ass awer weidergefuer a koum eréischt op der A4 un d’Stoen.
Kuerz no Hallefnuecht ass e Chauffer zu Diddeleng an der Route de Kayl ugehale ginn, well en d’Riicht op der Strooss net méi behalen huet.
Géint 00.15 Auer gouf dann en Automobilist gemellt, deen an der Avenue de la Liberté bal en Accident gebaut hat an dunn an der Rue Schiller an d’Begrenzung vun engem Chantier gerannt ass.
An allen dräi Fäll war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Um Sonndeg de Moie fréi géint 5 Auer huet d’Police e Chauffer op der A6 a Richtung Stad gestoppt, deen a Schlaangelinnen do ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an d’Konsequenz war e Fuerverbuet.