Police3 Mol gouf sech drogéiert, respektiv alkoholiséiert hannert d'Steier gesat

RTL Lëtzebuerg
Virfäll goufen et an der Stad, zu Gréiwemaacher an zu Stroossen.

E Samschdeg ass der Police an der Avenue Monterey an der Stad géint 21 Auer en Auto opgefall, bei deem hannen eng Luucht futti war an och ze séier ënnerwee war. Béid Tester, also Drogen- an Alkoholtest bei der Automobilistin ware positiv am koum fir eng Bluttprouf an d'Spidol. D'Fra gouf protokolléiert.

Kuerz no Mëtternuecht op e Sonndeg ass der Police dann op der N1 a Richtung Potaschbierg en Automobilist opgefall, deen a Schlaangelinne mat sengem Won ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv, de Mann gouf protokolléiert.

An der Areler Strooss zu Stroossen gouf dann nach en Automobilist géint Mëtternuecht kontrolléiert, aus deem sengem Gefier et no Cannabis gericht huet. En Drogeschnelltest deen duerchgefouert gouf ass positiv verlaf. Eng kleng Quantitéit u Cannabis gouf am Auto séchergestallt, de Chauffeur koum fir eng Bluttprouf an d'Spidol. An d'Täsch gräifen huet de Mann och nach missen, dat wëll e géint d'Ausgangsspär verstouss hat.

Back to Top
CIM LOGO