Op Uerder vum Parquet3 Permise bei Alkoholkontrollen agezunn, 6 Chauffere kruten e Protokoll

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg op e puer Plazen an der Stad Alkoholkontrollen duerchgefouert.
© RTL Archivbild

Tëscht 23.00 an 23.45 Auer stoung d’Police op 221, rue de Rollingergrund, tëscht 00.45 an 01.30 op der Place de la Constitution, respektiv Boulevard F.D. Roosevelt an tëscht 02.30 Auer an 03.30 Auer nach emol an der Rue de Neudorf.

Ganzer 126 Chauffere goufen op Alkohol getest. A sechs Fäll war d’Resultat positiv a sechs Protokoller goufen ausgestallt. Dräi Automobilisten hunn hire Permis nach op der Plaz missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO