No Abroch bei engem Metzler3 presuméiert Abriecher konnte festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police géint 2.20 Auer een Alarm an enger Metzlerei an der Industriezon zu Angelduerf gemellt.

Wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, stoung eng Säitendier op an d'Police huet eng Persounen-Recherche lancéiert.

Net laang drop konnten zwee Verdächteger zu Ierpeldeng op der Strooss gestallt ginn. Een Drëtte gouf an engem Auto zu Dikrech gestallt an immobiliséiert.

Op Uerder vum Parquet goufen déi 3 Männer festgeholl a goufen e Méindeg dem Untersuchungsriichter presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO